Am 2. Oktober 2026, anlässlich des Internationalen Tages der älteren Menschen, wollte der Club Uewersauer jene kleinen Momente des Alltags in den Mittelpunkt rücken, die oft den Unterschied machen: ein spontanes Gespräch, ein gemeinsames Lachen, eine Begegnung oder gemeinsame Zeit mit anderen Menschen.
Genau von solchen Momenten lebt auch der KaffiTreff. In Pommerloch und Wiltz bieten diese offenen Treffen die Möglichkeit, unkompliziert zusammenzukommen, sich auszutauschen und neue Menschen kennenzulernen. Ohne Anmeldung und ohne Verpflichtung kann jeder vorbeikommen, Neuigkeiten teilen, ins Gespräch kommen oder einfach die Gesellschaft anderer genießen.
Denn manchmal genügen schon ein paar freundliche Worte, um sich willkommen zu fühlen und neue Kontakte zu knüpfen.
Im folgenden Text berichtet das Team des Club Uewersauer aus dem Alltag des KaffiTreff und zeigt, wie aus einer Tasse Kaffee, einem freien Stuhl und einer Unterhaltung echte Gemeinschaft entstehen kann.
KaffiTreff – gutt gelaunt an déi nei Woch
Et ass nach fréi moies. Déi éischt Leit sinn awer schonn do a waarden op d’Ekipp vum Club Uewersauer – well si wëssen: Méindes- a Freidesmoies ass KaffiTreff!
D’Dëscher ginn zesummegeréckelt, d’Still geréckelt an déi bescht Plaze geséchert. D’Romy an d’Rute wëssen mëttlerweil ganz genau, wien wou sëtzt. An et dauert net laang, bis d’Ronn komplett ass an déi éischt Gespréicher ufänken.
„Ass d’Annette aus der Vakanz erëm?“
„Sinn nach Plaze fräi fir op Bréissel?“
„Wien geet haut mat an de Restaurant iessen?“
„Huet een eppes vum Claudine héieren?“
Et gëtt gelaacht, geplangt, nogefrot a sech firenee interesséiert.
Verschidde Leit kommen all Méindeg a Freideg. Fir si ass de KaffiTreff e feste Rendez-vous, deen einfach zu hirer Woch dozougehéiert. Anerer kucke just kuerz laanscht, wa si grad hir Kommissioune maachen. E „Moien“, eng Taass Kaffi an e kuerzt Gespréich – an heiansdo bleift een dann awer méi laang.
Zënter Kuerzem gëtt et och e KaffiTreff zu Woltz: all Mëttwoch am Kaffi KaraMelli. Domat kënnt eng weider Geleeënheet dobäi, fir sech an engem gemittleche Kader ze treffen, sech auszetauschen an einfach e bëssen Zäit zesummen ze verbréngen. An ëmmer nees kommen nei Gesiichter dobäi. Déi eng hunn d’Ekipp schonn e puer Mol gesinn, wéi si hei zesummesëtzt. Aus der Virwëtz gëtt séier e Gespréich:
„Ech fannen dat esou flott, wann Dir hei beieneesetzt.“ Oder ganz spontan: „Dierf ech mech bei äre Club dobäisetzen?“
Natierlech dierf jidderee sech dobäisetzen. Et brauch een keen Termin, keng Umeldung a kee besonnesche Grond. E fräie Stull an d’Loscht op e bëssen Gesellschaft ginn duer. An et ass schéin ze gesinn, wéi d’Leit hei opbléien. Déi eng kommen am Ufank nach e bëssen zeréckhalend eran, mee schonn e puer Minutte méi spéit gëtt gelaacht, erzielt a matdiskutéiert.
Een huet eng Geschicht ze erzielen, deen aneren e gudde Spréch parat – an op eemol ass déi ganz Ronn am Gespréich.
De KaffiTreff ass domat vill méi wéi eng einfach Kaffispaus. D’Leit fille sech hei wuel a gehéieren dozou. Si kennen d’Gesiichter ronderëm den Dësch, si gi begréisst, wann si erëmkommen, an et fält op, wann een eng Kéier net dobäi ass. Mee genee an dëse Gespréicher entsteet nach eppes aneres. Et gëtt net nëmmen iwwert dat geschwat, wat war, mee och iwwert dat, wat kéint kommen. Wat géif de Leit gefalen? Wou hu si Loscht drop? Wat kéint een zesummen ënnerhuelen?
D’Iddien a Wënsch vun de Leit kënnen esou zum Ausgangspunkt fir nei Aktivitéite ginn a matbestëmmen, wéi sech de Club weiderentwéckelt.
Dat ass eng wichteg Säit vun der Aarbecht vum Club Uewersauer: d’Leit net nëmme mat Aktivitéiten ze erreechen, mee hinnen och d’Méiglechkeet ze ginn, selwer matzeschwätzen a
matzegestalten. Dofir ass den Austausch ronderëm den Dësch esou wäertvoll. D’Ekipp lauschtert no a kritt mat, wat d’Leit beschäftegt, wat si sech wënschen a wat hinnen um Häerz läit. Esou kann de Club besser op hir Besoinen agoen.
Aus engem Gespréich kann eng Iddi entstoen, aus enger Iddi eng Aktivitéit – an aus enger einfacher Fro heiansdo e gemeinsame Plang.
„Wien geet haut mat an de Restaurant iessen?“
Eng ganz einfach Fro. Mee vläicht ass et genee esou, wéi Gemeinschaft entsteet: mat enger Taass Kaffi, engem gudde Gespréich an engem fräie Stull.
Eng Taass Kaffi ass eben net ëmmer just eng Taass Kaffi.
Text: Corinne Pax, Direktionsbeauftragte, Club Uewersauer ⋅ Foto: rawpixel, magnific.com
Über die Club Aktiv Plus
Das Netzwerk der 23 Club Aktiv Plus in Luxemburg ist eine Initiative des Familienministeriums, umgesetzt in Zusammenarbeit mit 11 Trägern und 86 Gemeinden. Ziel ist es, aktives Altern zu fördern und die soziale Teilhabe vor und nach dem Eintritt in den Ruhestand zu stärken.
INFOKASTEN
KaffeeTreff
Fischer, Pommerloch
Montag und Freitag
09:00 – 11:00
KaffeeTreff
Kara’Melli, Wiltz
Mittwoch
09:00 – 11:00
Mehr Informationen
Club Uewersauer











